Founders Packages

En neit Erliefnes!

Geschwënn ass et esou weit! Mäin neie Restaurant mécht gläich seng Dieren op. Et ass zu Berdorf am schéine Mëllerdall. Et gi 7 Schlofkummer, eng Epicerie an dat neit Häerzstéck vum Gebai, de Restaurant Victoria.

Ech géing dat ganzt gären an engem moderne Wee ugoen. D’Gastronomie hutt esou vill Facetten a Méiglechkeeten.
Ech weisen dat een och zu dësen Zäite mat kreativen Iddien seng Dreem verwierkleche kann.

Nodeems ech mech vu mengen ale Restaurante getrennt hunn, well ech mech elo eleng verwierklechen. Dat ass awer net sou einfach an dofir hunn ech mir eppes iwwerlued.

Wat ass e “Founders Package”?

De Founders Package soll de Leit déi u mech gleewen an deene mäin Iesse schmaacht d’Méiglechkeet ginn, mech ze ënnerstëtzen ier et lass geet.

Mee firwat sollt een dat maachen? Ech brauch är Hëllef! Dir géingt mir domat de Réck stäipen an erméiglecht mir soumat e Start bei deem ech manner fäerte muss, well dir do sidd! Mee déi Hëllef soll och net fir näischt sinn.

Jee no Ënnerstëtzung kritt dir Bonussen, déi sech z.B. als Akafsbong rëmspigelen. Et wäert awer och méi extra Saache ginn, wéi z.B. e Steakmesser gravéiert mat ärem Numm. Dëst wäert dann am Restaurant hänken a wann dir iesse kommt, krit dir et erof geholl a kënnt domat är Iesse genéissen.

Bronze

ab 100€

  • Invitatioun op d’Ouverture
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Bong am Wäert vun 100€

  • Merci Cadeau nom Opening

Ënnerstëtzungsbonussen:

Sëlwer

ab 300€

  • Invitatioun op d’Ouverture
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Bong am Wäert vun 100€

  • Merci Cadeau nom Opening

  • Aluedunge fir Privat Evenementer
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Gravéiert Numm Plackett ausgestallt an der Founders Vitrinn vum Restaurant

Gold

ab 500€

  • Invitatioun op d’Ouverture
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Bong am Wäert vun 100€

  • Merci Cadeau nom Opening

  • Aluedunge fir Privat Evenementer
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Gravéiert Numm Plackett ausgestallt an der Founders Vitrinn vum Restaurant

  • Gravéiert Qualitéits Messer Prett fir däi Besuch am Restaurant Victoria

Platin

ab 800€

  • Invitatioun op d’Ouverture
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Bong am Wäert vun 100€

  • Merci Cadeau nom Opening

  • Aluedunge fir Privat Evenementer
    (Fräi Iessen & Gedrénks)

  • Gravéiert Numm Plackett ausgestallt an der Founders Vitrinn vum Restaurant

  • Gravéiert Qualitéits Messer Prett fir däi Besuch am Restaurant Victoria

  • Eng Iwwernuechtung fir 2 Leit an engem vun eisen Zëmmer

  • Corbeille Victoria Spezial

Ech wëll ënnerstëtzen, wat elo?

Et gëtt kee fixe Montant. Et kann also jidderee gi wat e wëll.
Ab verschiddene Montante kommen ëmmer weider Bonussen dobäi.

Klickt ganz einfach op de Button fir mir Äre Support zoukommen ze loossen.

Dir kënnt mir och e Mail un hello@christopheprosperi.lu maachen.

(Ab engem Montant vun 300€ muss dir mir Äre Wonschnumm fir Är Plackett/Messer ze gravéieren, am Mail matdeelen.)

Dir kënnt och eng Iwwerweisung mat ärem Montant un: LU92 0019 2855 4511 3000 maachen.
Als Kommunikatioun: Founders Package + Är Telefonsnummer

Villmools Merci fir all Är Ënnerstëtzung!
Ech freeë mech op iech!